27.07.2022

Glockenspielkonzerte

Programm

Mëttwochs um 17h30 mam Fabrice Renard


De Carillonneur vun der Eechternoacher Basilika Fabrice Renard ass zu Bréissel, Léck a Nanzeg ausgebilt ginn. Hien deelt seng musikalesch Aktivitéiten haut tëscht der Belsch an dem Grand-Duché op an ass ënner anerem Enseignant an der Regionaler Museksschoul. De Fabrice Renard huet awer och dräi weider Ofschlëss am Import-Export, Marketing an an den Handelswëssenschaften, ass Fotograf a Moler, Produzent a Moderator vun der Sendung „Multi Music“ beim Radio RCF Liège an e komponéiert fir Klackespill, Piano, Uergel a Braatsch. Fir déi dësjäreg Editioun vun „Les Ballades du Carillon“ hält de multi-talentéierte Carilloneur erëm en ofwiesslungsräiche Programm fir Iech bereet.


  • 27.07.2022
  • 03.07.2022
  • 10.08.2022
  • 17.08.2022
  • 24.08.2022


Vum 3. Juni bis 24. August fannen an der Basilika eng ganz Rei ënnerschiddlech Concerte statt. Ugefaange gëtt am Juni a Juli mat der Rei „Uergel Punkt 12“ bei der wärend 6 Wochen all Freideg eng musikalesch Mëttegstonn mat Uergelkläng vu wiesselende lëtzebuergesche Museker ka genoss ginn. Ab Enn Juli stinn da mat „Les Ballades du Carillon“ Klackespill Concerte mam Frabrice Renard um Programm esou wéi am Kader vum „Uergeselsummer“ Owesconcerte mat verschiddenen internationalen Organisten aus Deitschland, Frankräich an der Belsch.

Allgemeine Informationen

Basilique Echternach

PARVIS DE LA BASILIQUE
L-6486 ECHTERNACH

Siehe auf der Karte

Datum

Mittwoch, 27 Juli 2022 - Mittwoch, 24 August 2022


Kontakt