29.01.2022

Georges Urwald & FLOTT

Program

Kompositioune vum Georges Urwald mat Texter op Lëtzebuergesch vun zäitgenësseschen Auteuren. Si sangen, si spillen, si kräischen, si laachen. Wierder a Musek iwwert d’Liewen, dat schéint an dat manner schéint. Lieweg, fir de Publikum, mat dem Publikum. Fir Clown, Gesang an Orchesterchen. Voller Iwwerraschungen. Kompositioun an Improvisatioun ginn aneneen iwwer. Hei normal verréckt, do vläicht e bëssen Dada. Alles an allem awer ‚ganz flott dat do’! Mam méi grouss besaten Ensemble, georges urwald & FLOTT interpretéieren de Joe Del Toe an de Georges Urwald haaptsächlech Neikompositiounen op Texter vu verschidde Lëtzebuerger Auteure vun Dicks bis Jemp Schuster, verstäerkt och op Texter vu jonke Lëtzebuerger Schrëftsteller. Musek, faarweg besat, Arrangementer, erzieleresch geschwat, Kompositiounen, hausgemat, Improvisatiounen, onerwaart an net gefaart, Klonerei, scho vill zesumme gelaacht, suerge fir de gudden Owend. Et spillen, sangen a laachen: Joe Del Toe – Clownerei Georges Urwald - Gesang, Piano, Arrangement a Kompositioun Caroline Mirkes – Cello an Danz Jeff Mack – Gesank an Trompett Franz Schilling – Gesank a Gei Anne Kaftan – Sopransaxofon a Bassklarinett Franck Hemmerlé - Perkussioun + Iwwerraschungsgäscht… 90 Min. + 20 Min. Paus | TRIFOLION Agora
General Information

TRIFOLION Echternach

Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH

See on the map

Date

Saturday, 29 January 2022


Prices

Erwachsener : 25

Jugendtarif < 27 : 15

Gruppentarif - Erwachsener : 20


Contact

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/32096