04.05.2024

Nikki Ninja & Afrobeathoven

Programme

Cet événement a lieu en langue luxembourgeoise.


D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch!

D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng.

Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder?

Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d’Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et!

D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech… einfach nëmme Ninja.

Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déiënner d’Haut ginn…


D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.


Production: neimenster, Trifolion, Escher Theater

Soutien: Fondation Sommer /Artistes Associé.e.s, Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Konzeptioun: Nicole Bausch & Dan Tanson

Musikalesch Direktioun: Pol Belardi

Mise en scène: Dan Tanson

Visuals: Sascha Di Giambattista (Première année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers – Zeichentrick)

Kostüm: Alexandra Lichtenberger (Charel Stoltz – Holtz Studio, Recording + Mastering)


TRIFOLION - ATRIUM

Dauer: 1 Stonn ouni Paus

Informations générales

TRIFOLION Echternach

2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach

Voir sur la carte

Date

samedi, 04 mai 2024 - 15h00


Tarifs

à partir de: 1.5€