26.03.2026

Kichegerabbels

Program

(This text is not available in English.)


Fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.


Wat geschitt, wann d’Kachdëppen e bësse jalous gëtt? Wann de Schnéibiesem sech net aus dem Tirang traut? A wann den Deckel an de Läffel ufänken, sech Geheimnisser ze erzielen? Bei Kichegerabbels gëtt d’Kichen zur Bün: Alldagsgéigestänn erwächen zum Liewen a verstrécken sech an droleg Geschichte vu grousse Gefiller, klenge Mëssverständnisser a gelungene Situatiounen.

.


Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op dës Objeten, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken. Duerch d’Zesummespill vun Toun, Rhythmus a Beweegung kritt all Géigestand seng eege Stëmm a Roll.


Inspiréiert vum Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů verbënnt dës Produktioun Kammermusek, Objetstheater an Erzielung op eng spilleresch a visuell Aart a Weis. 


A Koproduktioun mat: Kopla Bunz, Escher Theater, Trifolion, Cube 521.

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère.


.

Programm: 

BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161

clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano.


Kënschtler:innen

Kopla Bunz

Regi: Ela Baumann

Erzielung & Objetmanipulatioun: Betsy Dentzer 

Kammerata Luxembourg

Gei: Sandrine Cantoreggi

Cello: Pierre Fontenelle

Klarinett: Stefan Kronthaler 

Fagott: Victor Cariou

Trompett: Jeff Mack

Piano: Béatrice Rauchs

General Information

TRIFOLION Echternach

2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach

See on the map

Date

Thursday, 26 March 2026 - 17h00


Prices

: 1.5€