07.03.2026

Konferenz zur Geschicht a Kultur vun Iechternach

Programm

Konferenz zur Geschicht a Kultur vun Iechternach:

D'GRÄFIN ERMESINDE AN EECHTERNOACH 1236-1936.

.


Konferenz-Projektiunn voam Frank WILHELM

Éméritéierte Professer voan der Universitéit Lëtzebuerg

 

Am Trifolion, Samsdes de 07. März 2026 oam 19 Auer

 

Eechternoach gëlt als eelste Stad voam Land. Dat verdanke mir der Gräfin Ermesinde, en fortschrëttlich Herrscherin, en Fra mat Charisma. Wi et dozou komm ass a wat d'Fräihäts-Charta von 1236 bedeit hoat, kann ä mat villen Dokumënter an Texter doarstelen. Ericht 700 Jaouer doarno, 1936, an äner Zäit, wu villes op en zukünftige Kréich higewisen hoat, ass d’Ermesinde offiziell oam Mozart geéiert geen. Mat em Cortège, em Concert, em Volléksfest, mat äner feierlicher Kantat op Lëtzebuergisch voam Professer Isi Comes, mat äner politisch bedeitender Oasproach voam Staatsminister Joseph Bech an éisem Dialekt. En historische Momënt. A Präsënz voan der Grande-Duchesse Charlotte, déi e Fac-similé voan der Charta duurch en Eechternoacher Meedchen, dem Annie Prott als Gräfin iwerraicht kréit hoat. Säithär héngt en Erënnerungsplack ënner dem Denzëlt. Op Latäin, mat em Text voam Déikricher Professer an Epigrafiker Nicolas-Eloi Weydert.


D'Veranstaltunge fannt op Lëtzebuergesch statt. Den Entrée ass gratis. Mellt Iech fiert Planung wgl. bis eng Woch virun der Veranstaltung un 72 92 22 -1 oder .

Allgemeine Informationen

TRIFOLION Echternach

2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach

Siehe auf der Karte

Datum

Samstag, 07 März 2026 - 19h00