27.11.2026 - 29.11.2026

DU FAUSTI DO

Programm

An der neier Produktion vum Iechternacher Lycée, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik an dem Trifolion, huele mer Iech mat op eng interessant, spannend an ofwiesslungsräich Rees duerch d’Liewe vum bekannte Lëtzebuerger Entertainer Fausti (1940-2021) a seng Zäit, vum Zweete Weltkrich iwwert déi wëll 60er a 70er bis zur Covid Pandemie.


Schauspiller, Erzieler, grousse Chouer, Begleetband an eng Leinwandprojektioun presentéieren Iech eng gesonge Geschichststonn, mat Lidder iwwert politesch an historesch Ereegnisser zu Lëtzebuerg an de bekannten Hits vum Fausti.


Dëse Musekspektakel ass, no Du Litty Do! (1872-1932) aus dem Joer 2023, den zweeten Deel aus der Trilogie, déi Lëtzebuerger Geschicht a Geschichten mat engem bekannten Entertainer als Protagonist, vun ugangs 19. Joerhonnert bis haut op d’Bün brénge wëll.


CREDITS:


Joe Del Toe (Fausti)


Marc Linden (Erzieler)


Theatergrupp aus dem LCE


Chouer vum Iechternacher Lycée


Dänni Kéitsch Bänd


Text a Musek: Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositiounen


Choerdirektioun a Chouerarrangementer:. Daniel Mujzer & Georges Urwald


Produktioun: Iechternacher Lycée


An Zesummenaarbecht mat Nationalbibliothéik, Trifolion Echternach

.

Allgemeine Informationen

TRIFOLION Echternach

2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach

Siehe auf der Karte

Datum

Freitag, 27 November 2026 - 20h00
Samstag, 28 November 2026 - 20h00
Sonntag, 29 November 2026 - 20h00


Preise

: 1.5€